retour aux livres

Enfants

Wooow!!! Lëtzebuerg

Dëst Kannerbuch, dat a véier Sproochversiounen, op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an op Englesch op de Maart koum, ass de Gewënner vum Buchpräis vun den Editeuren (Kategorie Kannerbuch), deen de 15. November 2018 zu Walfer verdeelt ginn ass.

Fir déi kleng Lieser huet den Thomas Schoos sech eng flott an opreegend Geschicht ausgeduecht. Zesuemme mam Charlotte a sengem beschte Frënd, der klenger Eil Monsieur Hibou, erliewe si spannend Aventuren an entdecken op hirer Expeditioun dat wonnerschéint a villsäitegt Lëtzebuerg. Si tauchen an an d’Kultur an d’Geschicht vum Land, erfuersche seng faszinant Plazen a léiere seng Märercher a Bräich kennen.
Och déi besonnesch Virwëtzeg kommen op hir Käschten: Op all Etapp vun der Rees erwaarde si interessant Anekdoten a Fakten.

Mat vill Léift fir den Detail huet d’Illustratorin Keong-A Song dem Buch eng perséinlech Nout ginn an zu der maträissender Atmosphär bäigedroen, sou dass een als Lieser ëmmer nees op eppes Neies stéisst. Op dës Manéier bleift d’Freed un der Lektür nach laang erhalen.

Mir recommandéieren dëst Buch fir Kanner vu 4 Joer un.

Wooow!!! Lëtzebuerg
vum Thomas Schoss
Editions Guy Binsfeld
ISBN: 978-99959-42-23-6