retour aux livres

Enfants

DEN EMIL AN D’MASCHINN

Isabelle Marinov, Martine Schoellen, Olga Shtonda
Editions Guy Binsfeld
ISBN 978-99959-42-99-1

Wéi kann ech erreechen, dass mäi Kand sech fir d’Konscht interesséiert?
Ass et esou wéi beim Liesen: Wann ech als Elterendeel genuch virliesen a selwer mam gudde Beispill virginn da wäert et scho klappen? (iwwregens nach laang net ëmmer)
Wann ech also oft genuch mat mengem Kand an de Musée ginn…
Ass et wierklech esou einfach? Oder brauch et do net nach eppes, wat een am Däitschen
“das gewisse Etwas” nennt, den “Aha”-Moment?
D’Isabelle Marinov beschreift esou e prägend Erliefnis an hirem neie Kannerbuch an dat op eng originell a flott Manéier.
Dem Emil seng Klass geet an de Musée. Den Emil ass absolut net begeeschtert a scho guer net impressionéiert. E Bild vun enger Fra, déi d’Nues op der falscher Plaz huet, Aueren, déi dohischmëlzen – domat kann hien näischt ufänken. Schéi fënnt hien ëmmerhin e Bild wat blo, jo just blo ass, well blo ass seng Lieblingsfaarf.
Mee op eemol steet do e Stull. An a ville Sproochen, ëmmer déiselwecht Fro: Ass dat ee Stull?
Seng Frëndin Clara mengt, et wär riskéiert, sech op dee Stull ze setzen…
Mee den Emil riskéiert et. An da geschitt eppes.

E Buch wat d’Thema Konscht a Kanner op de Punkt bréngt!
D’Original ass op englesch a gëtt hoffentlech, esou wéi “Den Emil an de Oktopus” och , geschwënn op Franséisch iwwersat.
Interessant fir Kanner (eventuell vu 4 Joer un) an Elteren.

DEN EMIL AN D’MASCHINN
Isabelle Marinov, Martine Schoellen, Olga Shtonda
Editions Guy Binsfeld
ISBN 978-99959-42-99-1

BUCH VUM MOUNT
September 2023