retour aux livres

Enfants

D’Rommel Bommel an hir Frënn

Lëtzebuerger Buchpräis 2023 – Kannerbuch

Bravo!!! Charlotte (Sekretärin vun “Freed um Liesen asbl”)

Illustratioune vu Lynn Cosyn
Geschichte vum Charlotte Reuter
Editions Ernster
ISBN: 978-2-919892-41-9

D’Rommel Bommel an hir Frënn – dat ass en interaktiivt Kannerbuch, an deem sech alles ëm Geméis an Erliefnisser mat de fënnef Sënner dréint.
A véier Geschichten iwwer véier heemesch Zorte Geméis gëtt vum Wuesse bis d’Verschaffen all Schrëtt ënner d’Lupp geholl.
Fir nach méi Loscht ze maachen, eist regionaalt Geméis ze entdecken, fënnt een an de véier Geschichten einfach a lecker Rezepter fir nozekachen.

Ob am Gaart, an der Kichen oder an der Stuff – et mécht iwwerall Freed, méi iwwer d’Rommel Bommel an hir Frënn gewuer ze ginn (an och mol eng Hand mat unzepaken)!
E flott Buch mat Rezepter fir Kanner ab 5 Joer!

D’Rommel Bommel an hir Frënn
Illustratioune vu Lynn Cosyn
Geschichte vum Charlotte Reuter
Editions Ernster
ISBN: 978-2-919892-41-9

BUCH VUM MOUNT
August 2023