retour aux livres

Enfants

D’Wallis vum friemen Déier

BUCH VUM MOUNT
November 2023

Am Liewe brauch een Hoffnung. An an dëser origineller Geschicht, geschriwwen a gemoolt vum Chris Naylor-Ballesteros an op Lëtzebuergesch iwwersat vum Vanessa Gabriel, kréie mir genau dat geschenkt.
Wat geschitt, wann e Frieme bei eis ukënnt? Bei den Déieren an dëser Geschicht ass déi éischt Reaktioun déi, wéi mir se vun de Kanner kennen: De Virwëtz ass ugekuerbelt. Frëndlech seet dat éischt Déier dem friemen Déier Moien a freet onschëlleg: „Wat ass dann an denger Wallis?“.
Mee zimmlech séier kommen nach aner Déiere bäi an déi weisen sech misstrauesch op dem Frieme seng Äntwerten. Si verstinn se net. „Ech trauen em net. Wat ass, wann hien eis eng kréckelt?“, seet de Fuuss, wéi de Friemen him erzielt, datt säi ganzt Doheem an der Wallis dran ass.
Dës Geschicht weist mat ganz einfachem Text a mat schlichten Illustratiounen, wéi de sozialen Drock eis dozou verleet, fir mat der Majoritéit matzeschwammen. D‘Déiere maachen dem Friemen seng Wallis op, mam Resultat, datt seng Taass, säin eenzege Besëtz, futti geet.
Mee, wéi gesot, d’Buch schenkt Hoffnung. D’Déiere fannen e Wee, fir d’Saach erëm guttzemaachen, an de Frieme weist sengersäits seng Dankbarkeet.
Hätte mir Erwuessener dach nëmmen net eise Kannerbrëll op d‘Säit geluecht. Villäicht wier et derwäert, fir deen emol erëm opzedinn, wa mir vis-à-vis vu komplizéierten Erausfuederunge stinn.

Eng originell, empathesch Geschicht iwwert d’Toleranz virum Friemen, d’Akzeptanz vum Aneschtsinn an dat opgeschlossent Entdecke vun Neiem aus enger aus enger Welt, wäit ewech vun eis.
Fir Kanner vun 3 Joer un.

Charlotte Reuter, Freed um Liesen

Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel
Original: Geschriwwen an illustréiert vum Chris Naylor-Ballesteros, Nosy Crow Ltd., London (2019)
Verlag Atelier Kannerbuch (2023), ISBN: 978-2-919817-13-9, 32 Säiten