retour aux livres

Enfants

Wichapi, D’Geschicht vun enger Frëndschaft

Marie-Isabelle Callier
Editions Schortgen
ISBN 978-99959-36-87-7

D’Sioux Indianer Meedchen Wichapi waart ongedëlleg op d’Fréijoer, well dann seng beschte Frëndin d’Ursa, e Bieremeedchen, aus dem Wanterschlof erwächt. Awer dëse Wanter war anescht! Vun Dag zu Dag ass et ëmmer méi kal ginn an d’Sioux Indianer beschléissen hir Zelter ofzeriichten an sech an eng méi waarm Géigend zeréckzezéien.
D’Wichapi kann sech awer net virstellen fortzegoen ouni dem Ursa Äddi ze soen. Seng Elteren hu gezéckt, awer d’Wichapi war kee klengt Kand méi, an esou hu si, an de ganze Sioux-Stamm, sech op de Wee gemaach an d’Wichapi mat dausend gudde Rotschléi bei der Hiel vun de Bieren zeréckgelooss.
Lues a lues ass et och méi waarm ginn an d’Sonn huet d’Ursa an seng Mamm waakreg gemaach.
D’Ursa an d’Wichapi hunn de ganzen Dag gespillt an owes verzielt d’Wichapi dem Ursa an senger Mamm firwat hat nach eleng do ass. D’Mamma Bier huet dofir d’Wichapi owes an d’Geheimnis vun de Stären agewisen an mat dem Wëssen, dass Stären him ëmmer de séchere Wee weisen, hunn d’Ursa an seng Mamm dem Wichapi schwéieren Häerzens Äddi gesot.
D’Wichapi war vill Nuechten ënnerwee an ëmmer de Stären no, bis hat enges Daags dat neit Duerf vu sengem Stamm erbléckst.
D’Wichapi ass eng Geschicht iwwer Courage, Vertrauen, Frëndschaft, Hoffnung, Wëssen an nach villes méi…
vun 3 Joer un.

Wichapi, D’Geschicht vun enger Frëndschaft
Marie-Isabelle Callier
Editions Schortgen
ISBN 978-99959-36-87-7

De Literareschen Adventskalenner
1. Dezember 2020