retour aux livres

Enfants

Wéi eng Faarf huet e Kuss

Rocio Bonilla
PersPektiv editions
ISBN 978-9-9959-5658-5

D‘ Minnimoni fiert gäre Vëlo, hat ësst gär Erdbiertaertecher an ass frou mat de Geschichten, déi seng Mamma him virliest. Mee am allerléifste moolt d’Minnimoni mat senge Faarwen elauter schéi Saachen: rout Himmelsdéiercher, giel Bananne an e blot Mier.
Hat huet souguer scho Rakéiten, Pinguinen an e Reebou gemoolt. Mee d’Minnimoni huet nach ni e Kuss gemoolt. Hatt weess och guer net, wéi eng Faarf e Kuss huet. Ass e rout wéi Tomatenzooss? Neen, neen! Et gëtt een dach rout wann ee rosen ass. Vläicht ass e Kuss giel wéi Hunneg? Neen, neen! Hunneg schmaacht zwar séiss, awer giel Beie picken. Ass e Kuss brong? Mhmmm, léiwer net. Ass e wäiss wéi kale Schnéi? Neen, neen! E Kuss ass jo waarm. Am Buch „Wéi eng Faarf huet e Kuss?“ geet et op d’Rees duerch d’Welt vun de Faarwen an de Gefiller. D’Kanner gi gewuer, wéi eng Faarf wéi e Gefill ausdrécke kann.
Di wonnerbar kreativ Illustratiounen an di räch Mimik vum Minnimoni maache Freed op all nächst Säit. D’Kanner entdecken, dass e Kuss fir jiddereen eenzegaarteg aanëscht ass. A ganz zum Schluss waart eng Iwwerraschung .
Fir Kanner vun 3 bis 6 Joer.

Wéi eng Faarf huet e Kuss
Rocio Bonilla
PersPektiv editions
ISBN 978-9-9959-5658-5

De Literareschen Adventskalenner
7. Dezember 2020