retour aux livres

Enfants

Wee geeschtert a menger Kichen erëm?

Judith Paskin & Tuire Siiriainen
PersPektiv Editions
ISBN 978-9-9959-5631-8

D’Elli ass e klengt virwëlzegt Meedchen. Enges Daags héiert hatt e komesche Kaméidi aus der Kichen an natierlech wëll hatt dësem Kaméidi op de Gronn goen. An der Kichen entdeckt hatt eppes, woumadder et net gerechent hat: e Monster blubbert dach do tatsächlech am Kachdëppe vun der Mamm! A schnell fort. D’Elli flücht an de Gaart. A genee hei geet seng wonnerbar Rees un: Hatt entdeckt e Buch, dat him vun der geheimer Kraaft vun Iessen erzielt. Sou eppes huet d’Elli jo nach ni héieren! Säi Virwëlz léisst hatt an eng wonnerbar Welt reesen, an där et sou muencht Geheimnis vum Geméis am Gaart ze entdecke gëtt. Hatt begéint ganz ënnerschiddleche Bewunner vum Gaart, déi him weisen, wéi eng verbuerge Kraaft am Uebst a Geméis stiechen. Ass d’Elli um Enn prett, fir sech dem Monster am Kachdëppen entgéintzestellen? Dës Äntwert fënnt de Lieser um Enn vun der Geschicht.

D’Buch ass illustréiert vum Tuire Siiriainen, enger jonker finnescher Illustratrice, déi eis an eng Welt mathëlt, déi, mat villen Detailer, de Kanner (an och den Erwuessenen) Loscht mécht, dëst Buch direkt e puermol ze liesen, woubäi een ëmmer erëm eppes Neits entdeckt.
Dës Geschicht ass eent vun de Bicher, déi op der Shortlist vum Lëtzebuerger Buchpräis 2019 waren.
Mir recommandéieren dëst Buch fir Kanner vun 3 Joer un.

Wee geeschtert a menger Kichen erëm?
Judith Paskin & Tuire Siiriainen
PersPektiv Editions
ISBN 978-9-9959-5631-8

De Literareschen Adventskalenner
11. Dezember 2019