Enfants
Isabelle Hild
Andrei Clontera
PersPektiv Editions
ISBN 978-9-9959-5692-9
D‘Kressida ass eng léif Fee. Mat hirem Zauberstaf ass si ënnerwee, fir den Déieren hir Wënsch ze erfëllen. Mee leider ass d’Kressida schonn zimmlech al an héiert schlecht. A well si net ëmmer alles richteg versteet, geschéien hir di komeschste Saache beim Zauberen.
Sou begéint si engem traurege Schwäin, wat seng rosa Faarf elle fënnt, an op mannst gär e grénge Schwanz hätt. Awer d‘Kressida héiert schlecht an zaubert dem Schwäin e Kréngelschwanz.
An sou geet et weider duerch dat witzegt Buch, mat ville lëschtegen Iwwerraschungen, déi d’Kanner ganz sécher zum Laache brénge wäerten.
,,Watgelift“ ass e flott Billerbuch vum Isabelle Hild mat schéinen Zeechnunge vum Andrei Clontea, fir Kanner vun 3 bis 6 Joer.
WATGELIFT?
Isabelle Hild
Andrei Clontera
PersPektiv Editions
ISBN 978-9-9959-5692-9
De Literareschen Adventskalenner
5. Dezember 2020