retour aux livres

Enfants

WANN ECH E BUCH WIER

23. Abrëll: WELTDAG VUM BUCH AN DEN AUTEURSRECHTER



„Méi wéi jeemools virdrun, zu enger Zäit wou déi meescht Schoule ronderëm d’Welt zou sinn an d’Leit hir Zäit dobausse limitéiere mussen, sollt d’Kraaft vun de Bicher den Hiewel ëmleeën, fir esou d’Isolatioun ze bekämpfen, Verbindungen tëscht de Mënschen ze stäerken, Horizonter ze erweideren, wärend eis Gedanken a Kreativitéit stimuléiert ginn“.
D’UNESCO zum Weltdag vum Buch an den Auteursrechter.

https://fr.unesco.org/commemorations/worldbookday



De Buchtipp vu FREED UM LIESEN fir dësen 23. Abrëll 2020:



WANN ECH E BUCH WIER

Text : José Jorge Letria

Illustratiounen : André Letria, 

Kremart Edition

ISBN 978-99959-39-90-8



Am Buch geet et drëm, wat een alles maache géif (oder och kéint), wann een e Buch wier…..
Dem José Jorge Letria seng Texter si ganz kuerz a präzis, si sollen de Lieser zum Nodenken bréngen.
Di fantasievoll a verréckt Illustratioune vu sengem Jong André Letria reegen dozou un, de Gedanke weiderzespannen.
Texter an Illustratioune verschmëlze mateneen.
Wann sou  dervunner rieds geet, dass een net schonn am Ufank wësse wëll, wéi d’Geschicht ausgeet, da gëtt am Bild e fantasievollt, onendlecht Trapenhaus mat Bicher gebaut, een Trapenhaus, dat zu enger Säit vum Buch erausféiert.
A wann d’Buch gär mäi gudde Frënd wëll sinn, da stellen ech et net an e Regal. Mee dann huelen ech et un der Léngt mat spadséieren, eng laang Léngt, di gläichzäiteg och e Liesbändchen ass. Mäin Hond gëtt zu mengem Buch, allebéid kënnen se meng gutt Frënn sinn.
Sou ass d’Buch mol een Draach, e Schëff, en Zelt oder och eng Insel, an nach villes méi.
Dëst Buch iwwer Bicher léisst een iwwert d’Liesen nodenken. Oder sou wéi den Auteur et ausdréckt:
„Wann ech e Buch wier, géif ech mech freeën, wann s du sees:
„Du hues mäi Liewe verännert!“
Et ass ee waarmen Hommage un d’Magie an den Zauber vum Buch : voller Poesie a Fantasie.
E wonnerbart Buch fir Kanner ab 8, déi scho vill aner Bicher kennen, awer och erwuesse Bicherwierm wäerten hir Freed drun hunn.

Wann ech e Buch wier

Portugiseschen Originaltitel: Se Eu Fosse Um Livro
An der lëtzebuergescher Versioun steet och de portugiseschen Originaltext!
Text : José Jorge Letria
Illustratiounen : André Letria,
Kremart Edition
ISBN 978-99959-39-90-8