retour aux livres

Enfants

So mol, Lobbo!

De Lobo ass e klenge Schnëssert. Awer een, deen un alles interesséiert ass. Duerfir freet hie senger Famill meeschtens e Lach an de Bauch: Wéi vill Stécker Schockela sinn am Schockelasbotter? Firwat ass de Schaum an der Bidde wäiss? Wéi kënnt d’Zännseef an d’Tüb?

Dem Lobo falen déi interessantst Froen an. Mee déi grouss Leit hunn net ëmmer Loscht an Zäit (oder WËLLEN se sech keng Zäit huelen?), fir dem Lobo nozelauschteren an him Äntwerten op seng Froen ze ginn. An duerfir entscheet dee klenge Jong enges Daags: Wa kee mir nolauschtert, da muss ech och net méi schwätzen.
Dat geet esou laang gutt, bis seng nei Nopesch Lola him iwwer de Wee leeft. Do mierkt de Lobo, datt et heiansdo ganz schwéier ass, fir net ze schwätzen. An da sinn déi Momenter, wou een einfach MUSS eppes soen, fir datt der Nopesch näischt geschitt…

Dëst ass eng Geschicht iwwer d’Schwätzen an doriwwer, wéi wichteg et ass, mateneen ze kommunizéieren. Duerfir recommandéiere mir se fir Kanner an Erwuessener vu 4 Joer un. Et ass e Buch, bei deem et wichteg ass, datt een nom Virliese matenee schwätzt.
Den Text, geschriwwe vum Christiane Kremer, ass illustréiert vum Vincent Biwer.

So mol, Lobbo!
vum Christiane Kremer
Editions Kremart
ISBN: 978-9-9959-3992-2