retour aux livres

Enfants

PROPPER En Dachs botzt

Emely Gravett
Op Lëtzebuergësch gereimt vum Vanessa Gabriel
Atelier Kannerbuch
ISBN 9782919965427

Den Dachs ass e ganz uerdentlecht Déier. Hee schneit d’Blummen, fiert am Hierscht mam Staubsauger iwwert de Buedem am Bësch a geheit all eenzelt Blat, wat dono nach leie bleift, an e Sak.

A wéi dat leschte Blat vun de Beem gefall ass, rappt den Dachs och nach all d’Beem aus dem Buedem eraus.

Wéi et awer op eemol ufänkt ze reenen, ass de Buedem séier voller Bulli. Du léisst den Dachs de Buedem einfach zoubetonéieren. Ze spéit mierkt hien, dass hien säin Haus mat zoubetonéiert huet an all seng Frënn vergrault huet.

No enger ongemittlecher Nuecht um haarden, kale Beton, gesäit den Dachs, dass hien e grousse Feeler gemaach huet. Zesumme mat all den  Déiere rappt hien de Beton op an si  planzen d’Beem nees an de Bësch.

Eng lëschteg Geschicht fir Kanner vun 3 bis 8, déi de Lieser duerch hir witzeg Illustratiounen zum Schmunzele bréngt.

An eng  wonnerbar Geschicht fir de Kanner nozebréngen, wéi wichteg et ass, op d’Natur opzepassen.

PROPPER En Dachs botzt
Emely Gravett
Op Lëtzebuergësch gereimt vum Vanessa Gabriel
Atelier Kannerbuch
ISBN 9782919965427

De Literareschen Adventskalenner
22. Dezember 2020