retour aux livres

Enfants

Potti-Musek

Dëst Buch mécht sengem Numm all Éier! Well hei gëtt et net nëmmen eppes ze kucken, mee och vill ze lauschteren.

Den Orchesterchef, Maestro Pingo, organiséiert e Concert, zesumme mat 10 aneren Déieren: mam Schwäi Cleo, mat de Villercher, mat dem Hond Metty, engem Fräsch an aneren Déieren. Musik ass fir de Pinguin ganz wichteg, well alles fir hie wéi Musik a sengen Ouere kléngt.
Am Ufank vum Buch üübt all Déier d’Pottisgeräischer no dem Maestro senger Uleedung, fir datt d’Zesummespill herno am Potti-Concert gutt kléngt. Mat der Hëllef vun der Maus Mini stellt de Pingo eis seng Musiker vir. Kleng Symboler weisen dem Lieser, wou een sech déi eenzel Geräischer kann unhéieren. Natierlech si verschidden Déiere méi begaabt wéi anerer. Mee schliisslech si se all prett fir dee grousse Concert.
Déi fir de Guido van Genechten typesch Illustratioune sinn och fir ganz kleng Kanner gëeegent, an et gëtt vill ze laachen, och fir déi Erwuessen.
Op den éischte Bléck ass d’Buch zimlech déck, wat awer op de Soundsystem zréckzeféieren ass, deen een hannen um Buchdeckel un- an ausschalte kann.
Mir recommandéieren dëst Buch fir Kanner vun zwee Joer un.

Potti-Musek
vum Guido van Genechten
Editions Kremart
ISBN: 978-9-9959-3982-3