retour aux livres

Enfants

Nach fënnef Minutten

Marta Altés
Atelier Kannerbuch Verlag
ISBN 978-99959-882-4-1

Et ass e  witzegt Buch iwwert eng Fuussefamill: et geet ëm e  Papp a seng zwee  Bouwen  a wéi si d’Zäit erliewen.
Erzielt gëtt d’Geschicht aus der Siicht vum jéngste Bouf:
,,D’Zäit ass eng lëschteg Saach. Mäi Pappa schwätzt oft dovun.
Awer ech mengen, ech weess méi iwwert d’Zäit wéi hien.”
D’Buch zeechent e realistescht Bild iwwert de stressegen Familljenalldag: do gëtt et vill ze laachen.
De Papp këmmert sech Dag fir Dag ëm seng zwee Fuussekanner. Hie versicht sou gutt wéi méiglech, zäitlech de Programm hinzekréien a kuckt, dass et sengen zwee Bouwe gutt geet.
Déi vill beschäftegt Bouwen an hiren oft zimmlech midde Papp erliewen d’Zäit komplett anescht.
Dee klenge Bouf weist sengem gestresste Papp, wéi wichteg e bëssen extra Zäit fir Kanner ass a wéi vill Freed si domadder hunn.
An deem schéine Schluss erliewe mir d’Fuussefamill bei där wäertvollster Zäit am Dag.
D’Illustratioune vum Buch si wonnerschéi geroden. Et spiert een, dass di einfach a waarmhäerzeg  Aquarellzeechnungen aus der selwechter Fieder stame wéi di kuerz, prägnant Texter.
E Buch, wéi gemaach fir vu Grouss a Kleng zesumme gekuckt, erzielt a beschwat ze ginn.
Ze recommandéiere fir Famillje mat Kanner vun 3-8 Joer.

Nach fënnef Minutten
Text an Ilustratioune vum Marta Altés
Op Lëtzebuergesch erauskomm am Atelier Kannerbuch Verlag
ISBN 978-99959-882-4-1

De Literareschen Adventskalenner
14. Dezember 2019