retour aux livres

Enfants

Märercher fir dranzebäissen

D’lescht Joer huet d’Yvette Moris en éischte Band „Märecher fir dranzebäissen“ erausbruecht. Elo läit deen zweete Band prett an de Buttiker – net manner flott wéi säi Virgänger.
Dëst Mäerchen- a Kannerbuch riicht sech u Kanner tëscht 6 an 12 Joer, mee net nëmmen un déi. Jiddereen, de Spaass mat Märercher a mat interessante Rezepter, mat Kachen, mat Iessen a mat Liesen huet, wäert Freed mat dësem Buch kréien.
An all Mäerche geet Rieds vu Liewesmëttel oder Iessen, déi meeschtens typesch fir déi Kultur sinn, aus där d’Geschicht erzielt. D’Rezepter si fir 4 Persounen. Bei all Rezept ass eng flott Foto, déi dacks un d’Iessen an un d’Mäerchen ugepasst ass. D’Kanner kënne verschidde Rezepter eleng maachen. Bei anere Menüer brauchen si awer e wéineg Hëllef vun engem Erwuessenen. An der Famill, mat Frënn, an der Schoul oder, firwat net och an der Maison Relais, kënnen si hir Kachkënschten üben an duerno de Menü zesumme mat anere genéissen.
E flott Buch fir déi laang Wanterowender, well villes dobäi net ze kuerz kënnt: d’Nolauschteren, d’Liesen, d’Virliesen, d’Kachen an natierlech zu gudder Lescht och de Genoss beim gemeinsamen Iessen.

Märercher fir dranzebäissen
vum Yvette Moris
Editions SNE
ISBN: 978-2-8799-2146-4