retour aux livres

Enfants

Kanner, Bicher an e Feier

Viviane Daman
Editions Phi
ISBN: 978-99959-37-64-5

Eng weider Geschicht mam Sarah, Pol, Steve, Pascal a mam Mupp Blacky.
Nom Doud vun der Joffer Schmit gëtt hiert Haus, dat si der Gemeng geschenkt huet, als Bibliothéik ëmfunktionéiert.
Dat ass Thema am ganzen Duerf.
Och d’Schoulpersonal befaasst sech mat dësem Thema a fuerdert d’Kanner op, Geschichten ze schreiwen. Déi eng schreiwen d’Texter, anerer sinn zoustänneg fir d’Illustratiounen. Dorausser entsteet dann e Buch, dat an déi nei Bibliothéik gesat gëtt.
An der Nuecht no der Aweiung brennt et an der Bibliothéik. D’Sarah entdeckt e komesche Schiet op senge Fotoen, déi hatt um Dag vun der Aweiung gemaach huet. Zwee Deeg nom Feier sinn déi 5 an der Bibliothéik, wéi de Feieralarm op en Neits lassgeet…
Fir Kanner vun 8 Joer un.

Kanner, Bicher an e Feier
vum Viviane Daman
Editions Phi
ISBN: 978-99959-37-64-5

De Literareschen Adventskalenner
2. Dezember 2019