retour aux livres

Enfants

E Schnuddelhong fir Chrëschtdag

Nathalie Dargent
PersPektiv Editions
ISBN: 978-9-99959-5666-0

De Fuuss, de Wisel an de Wollef hätten dëst Joer gär en extra gutt Chrëschtiessen. E säftege Brot soll et sinn. Also geet de Fuuss, als gudde Jeeër, e wonnerschéint Schnuddelhong klauen, stécht et a säi Sak a schleeft et heem an de Bau.
Ma esou eng Madamm Schnuddelhong huet hir eegen Iddien a léisst sech och net esou ouni Weideres schluechten. Esou kënnt et, datt dëse Chrëschtdag e ganz besonnesche gëtt. An och d’Festiesse fält komplett anescht aus wéi de Fuuss, de Wisel an de Wollef sech dat am Ufank virgestallt haten.
Dëst ass e witzegt an ongewéinlecht Buch fir d’Feierdeeg, bei deem grouss a kleng Leit genësslech laache kënnen. An den Illustratioune vum Magali Le Huche ginn et esou vill Saachen z’entdecken, datt d’Geschicht och no der 10. Kéier net langweileg gëtt.
E wonnerbaart Märchen iwwer eng ongewéinlech Frëndschaft.
Schonn 2008 ass dës originell Chrëschtdagsgeschicht an der franséischer Originalversioun ënnert dem Titel „Le festin de Noël“ op de Maart komm. 2013 koum déi däitsch Iwwersetzung „Wie sich die Weihnachtsgans vor dem Ofen rettete“, an dëst Joer huet Editions PersPektiv eng lëtzebuergesch Version op de Maart bruecht.
Mir proposéieren dëst Buch fir Kanner vu 4 Joer un.

E Schnuddelhong fir Chrëschtdag
Nathalie Dargent
PersPektiv Editions
ISBN: 978-9-99959-5666-0

De Literareschen Adventskalenner
4. Dezember 2020