retour aux livres

Enfants

E Bichertuerm bis an den Himmel

Rocio Bonilla
PersPektiv editions
ISBN: 978-9-9959-5662-2

De Luca wëll fléie léieren. Dat ass säi gréisste Wonsch. Dofir kuckt hien de Villercher an de Fligeren um Himmel no. Hee bastelt sech Flilleken a schreift esouguer dem Chrëschtkëndchen.. Mee näischt klappt. Du schenkt seng Mamm him e Buch fir de Gebuertsdag ,,Et kann een och aanëscht fléien“, seet d‘ Mamm.
Mat deem Buch entdeckt de Luca di wonnerbar Welt vun de Geschichten. Hee fänkt un, all di vill Bicher ze liesen, déi hie fënnt an dono och vun der Famill, den Noperen, de Frënn an zum Schluss aus der ganzer Welt geschenkt kritt. A Gedanke flitt hien a friem Länner a Galaxien. An all Buch léiert hien nei Mënschen, nei Platzen an nei Saache kennen. Endlech geet säi Wonsch an Erfëllung. Well hien op de Bicher sëtze bleift a säi Bicherkoup ëmmer mi héich gëtt, kann de Luca geschwënn vu ganz uewen erof op d’Welt kucken.
An deene waarmhäerzegen , detailléierten Illustratioune verstoppen sech vill Helden aus bekannte Bicher: de klenge Prënz op engem Planéit, de Balu an d‘Schlang Kaa am Dschungel, de Kingkong um Bichertuerm… E wonnerbaart Buch, wat weist, wéi schéin a wichteg d’Liesen ass.
Eng fantasievoll Geschicht fir kleng Bicherwierm vun 3 bis 6 Joer.

E Bichertuerm bis an den Himmel
Rocio Bonilla
PersPektiv editions
ISBN: 978-9-9959-5662-2

De Literareschen Adventskalenner
10. Dezember 2020