retour aux livres

Enfants

D’Schmetten an d’Schmooen

Julia Donaldson an Axel Scheffler
Éditions Guy Binsfeld
ISBN: 978-99959-42-53-3

Dëst ass eng Libesgeschicht tëscht dem Babett Schmett an dem Jo Schmoo. Déi 2 wunnen op engem Planéit ganz wäit ewech. Hir 2 Famillje wëllen näischt vunenee wëssen, well se verschidde sinn. Déi eng si rout an déi aner si blo. A jidderee fënnt, dass deen anere komesch ass a wëllen esou net, dass hir Kanner zesumme spillen. Esou maachen déi 2 sech heemlech op d’Rees mat der rouder Rakéit vun de Schmetten. Den aneren Dag bleift der Famill Schmetten näischt anescht iwwreg ewéi sech mat der Famill Schmoo zesummen an hirer bloer Rakéit op de Wee ze maachen, fir déi 2 ze fannen. Op dëser Rees begéinen se nach ganz vill aner komesche Leit a lues a lues fannen se sech net méi esou komesch.
Fir Kanner vun 4 Joer un.

D’Schmetten an d’Schmooen
vum Julia Donaldson an Axel Scheffler
Éditions Guy Binsfeld
ISBN: 978-99959-42-53-3

De Literareschen Adventskalenner
9. Dezember 2019