retour aux livres

Enfants

D’Sandmeedchen

Eng Posch voller Dreem
Yorick Schmit an Dirk Kesseler
Rotondes/ Kremart
ISBN 978-99959-665-8-4

De Yorick  Schmit huet dës  Geschicht op Lëtzebuergesch geschriwwen, eng Geschicht, déi ronderëm de Personnage vum Sandmännche spillt.

De Sandmännchen ass al ginn a geet a seng wuelverdéngte Pensioun. Hee klëmmt an en Taxi an iwwerléisst senger Duechter, dem Sandmeedchen, seng Aarbecht. D’Sandmeedche freet sech drop, vun elo un all Owend de Kanner Sand an d’Aen ze streeë fir dass se gutt schlofen a schéin dreeme kënnen.

Mee dem Sandmeedchen seng Kusinn, d’Nuecht, ass traureg a fillt sech eleng. Wa si owes kënnt, leien d’Kanner ëmmer scho laang am Bett. Wéi wier et, wann d’Nuecht einfach dem Sandmeedchen seng Posch mam Sand verstoppe géif?

Op der Sich no de Kanner hire verschwonnen Dreem muss d’Sandmeedchen iwwert Wolleke reesen….

De Yorick Schmit huet eng Geschicht iwwert d’Gefill vum Elengsinn geschriwwen, e Gefill mat deem d’Kanner sech gutt identifizéiere kënnen. Hee weist de Kanner awer och, dass ee munchmol mengt et wär een eleng, mee dass et ëmmer Leit ginn, déi fir een do sinn, wann een se nëmme gewärde léisst.

D‘Illustratioune vum Dirk Kesseler passe gutt bei den Text. Si sinn net ganz typesch fir e Kannerbuch, wat net dat eenzegt Speziellt ass.

D’Sandmeedchen ass nämlech dat éischt lëtzebuergescht AR-Buch fir jiddereen ab 4 Joer.

AR steet fir Augemented Realitiy, also fir erweidert Realitéit. Fir d’Biller aus dem Buch lieweg ze maachen, brauch een eng App, déi ee gratis erofluede kann.

D’Sandmeedchen
Eng Posch voller Dreem
Yorick Schmit an Dirk Kesseler
Rotondes/ Kremart
ISBN 978-99959-665-8-4

De Literareschen Adventskalenner
11. Dezember 2020