retour aux livres

Enfants

D’Nuecht viru Chrëschtdag am Wonnerland

Carys Bexington & Kate Hindley
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel
Altelier Kannerbuch
ISBN 978-2-9199654-9-6

Jidderee kennt d’Häerzerkinnigin aus der Geschicht vum Alice aus dem Wonnerland. Mee kee weess, firwat si esou béis a granzeg ginn ass.

An dësem Buch gëtt dat Geheimnis opgeléist.  Schold dorunner war nämlech d’Post.

Wéi d’Häerzerkinnigin nach eng kleng Prinzessin war, hat si dem Chrëschtmann hire Wonschziedel geschéckt. Leider ass dee Bréif ni beim Chrëschtmann ukomm  an sou krut d’Prinzessin och keng Kaddoe fir Chrëschtdag. Dowéinst war si esou enttäuscht a rosen, dass Chrëschtdag vun deem Dag un net méi duerft am Wonnerland gefeiert ginn. A jiddereen, deen dat Wuert Chrëschtdag am Wonnerland och nëmmen an de Mond geholl huet, ass e Kapp méi kuerz gemaach ginn.

Op engem Hellegowend ass de Bréif dunn awer nach beim Chrëschtmann ukomm, Joren nodeems d’Prinzessin e fortgeschéckt hat.

De Chrëschtmann huet sech mat ville Kaddoen op de Wee gemaach fir bei di brav Kanner. An a sengem Schlitt hat hien dës Kéier e ganz besonnesche Kaddo derbäi, fir op eng ganz besonnesch Plaz: Fir an d’Wonnerland!

Mee wéi wäert d’Häerzerkinnigin op de Besuch vum Chrëschtmann reagéieren?

Wäert si Chrëschtdag weider haassen?

Oder wäert si sech dovunner iwwerzeege loossen, dass Chrëschtdag e wonnerschéint Fest ass, dat onbedéngt gefeiert gi muss?

Eng häerzerwiermend Chrëschtdagsgeschicht , net nëmme fir Kanner ab 4 Joer, mee fir d’ganz Famill.

D’Nuecht viru Chrëschtdag am Wonnerland
Carys Bexington & Kate Hindley
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel
Altelier Kannerbuch
ISBN 978-2-9199654-9-6

De Literareschen Adventskalenner
24. Dezember 2020