retour aux livres

Enfants

D’Lizzie ass krank

Wéi d’Bauerefra hir Kou Lizzie moies sträiche wëllt, fillt dat aarmt Déier sech mackeg a midd. Kee Wonner, well d’Lizzie huet eng fatzeg Erkältung erwëscht. Onméiglech, fir an dësem Zoustand mam Bréifdréier d’Post ausdeelen ze goen.

D’Baierin probéiert, déi krank Kou mat guergelen, inhaléieren a kalen a waarme Wéckelen erëm gesond ze maachen. Mee et hëlleft alles näischt: Den Dokter muss kommen! Dee verschreift senger Patientin Sirop a vill Rou am Stall. An – tatsächlech – no e puer Deeg Paus mat Liiblingsmusik a mat Geschichten, déi d’Bauerefra him virliest, geet et deem kranken Déier scho vill besser.
Mee soll d’Lizzie dat wierklech zouginn? Well da wär et jo eriwwer mat deem eigentlech ganz agreabele Krankecongé…

Den däitschen Auteur an Illustrator Alexander Steffensmeier huet schonn eng ganz Rei Bicher iwwer seng Kou Lieselotte verëffentlecht, a längst sinn déi witzeg Geschichten zu Bestseller ginn, déi schonn an iwwer 20 Sproochen iwwersat gi sinn.
Zu Lëtzebuerg si bis elo scho 6 Geschichten iwwer déi sympatesch Kou Lizzie erauskomm. Déi flott, einfach Sprooch, déi d’Myriam Welschbillig bei den Iwwersetzunge gebraucht huet, passen tipptopp bei d’pastellfaarweg, einfach Biller vum Alexander Steffensmeier.

Mir recommandéieren dëst Billerbuch fir Kanner vu 4 Joer un.

D’Lizzie ass krank
vum Alexander Steffensmeier
PersPektiv editions
ISBN: 978-9-9959-5616-5