retour aux livres

Enfants

D’Kou um Bam

Gemma Merino
atelier KANNERBUCH
ISBN 978-2-9199623-2-7

D’Tina ass net wéi aner Kéi. D’Tina wëll ëmmer nees Neies entdecken an erliewen. Net wéi hir Schwësteren. Déi interesséiert just eppes: frëscht a säftegt Gras.
Wéi d’Tina enges Daags op e Bam klotert, begéint si ganz uewen engem frëndlechen Draach. Di zwee gi gutt Frënn an d’Tina kann et kaum erwaarden, fir hire Schwëstere vun hirem neie Frënd ze verzielen. Mee hir Schwësteren si genervt: Onméiglech! Lächerlech! Blödsinn!
Den nächsten Dag mécht d’Tina sech nees op de Wee. Hire Schwëstere schreift d’Tina:,,Sinn am Bësch mam Draach fléien.“ D’Schwëstere maachen sech op d’Sich nom Tina, laanscht d’Felder, déi si gutt kennen a weider eraus an eng nei Welt. Si si baff, dass et esou wonnerschéin am Bësch ass. An da gesinn si d’Tina wat tatsächlech flitt.
Alles schéngt méiglech wann een sech traut seng Dreem ze liewen an Neies auszeprobéieren.
Wonnerschéin Aquarellen illustréieren dës witzeg Geschicht.
Fir Kanner vun 3 bis 8 Joer.

D’Kou um Bam
Gemma Merino
atelier KANNERBUCH
ISBN 978-2-9199623-2-7

De Literareschen Adventskalenner
19. Dezember 2020