retour aux livres

Enfants

Dem Kleesche säin Ieselche spiert d’Reesféiwer

Et ass kuerz virun Niklosdag. Den Ieselchen ass scho ganz benzeg an ongedëlleg. Wéini geet et lass? De Kleeschen, den Houseker an all d’Engelcher hunn nach vill Saachen ze erleedegen, an den Ieselche géif esou gär hëllefen. Mä dofir schéngt hien net dat richtegt Talent ze hunn, an amplaz deenen aneren d’Aarbecht ze erliichteren, mécht hie richteg vill Chaos am Himmel. Awer kee vun ons all ass wierklech fir guer näischt ze gebrauchen. An esou si se zum Schluss vun der Geschicht alleguer frou, fir kënnen op dem Iesel seng Hëllef zréckzegräifen

Eng witzeg an turbulent Geschicht mat ville flotten a kandgerechte Biller, wéi mir se schonn aus dem Susy Schmit senge viregte Geschichte kennen.
Mir recommandéieren déi nei Geschicht vum Susy Schmit fir Kanner vun 3 Joer un.

Dem Kleesche säin Ieselche spiert d’Reesféiwer
vum Susy Schmit
Editions Rol Schleich
ISBN: 978-2-9199532-0-2