retour aux livres

Enfants

De Wëllefchen geet bei d’Bomi an de Bopi

Orianne Lallemand/ Eléonore Thuillier
Perspektiv Editions
ISBN 978-9-9959-5650-9

De Wëllefche geet bei d’Bomi a bei de Bopi fir ee ganze Weekend dozebleiwen. Ouni d’Mama an de Papa! Am Ufank ass et him e bësse mulmeg an hie freet sech, ob en net verlaangere wäert…Mee d’Bomi an de Bopi hunn Zäit, vill Zäit, an déi gehéiert dës zwee Deeg nëmmen dem Wëllefchen. Si gi gemittlech mam Wëllefchen op de Maart, wou hien hëllefen däerf, de Menu vum Mëttegiessen ze plangen. An do ginn et frësch Äerdbier! Déi kann een op der Plaz schmaachen! Am Nomëtteg hunn d’Bomi an de Bopi nach eng Iwwerraschung parat an de Weekend vergeet esou schnell, dass de Wëllefche guer net drun denkt, fir ze verlaangeren. Dann ass et och kee Probleem, dass d’Bomi keng Ausnam mécht, wann de Wëllefche léiwer keng Mëttesrascht wëllt halen. Well fir all déi vill Entreprisë muss ee fit sinn.
Vun deene ville Wëllefchersbicher, déi aus dem Franséischen op Lëtzebuergesch iwwersat gi sinn, ass dat hei dat neist a bestëmmt ee vun deene flottsten. D’Atmoshär vu Gebuergenheet an Exckusivitéit, déi d’Kanner oft bei de Grousselteren erfueren, geet riicht duerch dat klengt Buch, dat sech tel quel op Lëtzebuergesch virliese léisst an d’Kanner vun 2 Joer u schon usprieche kann. Vläicht am beschten um Schouss vu Bomi oder Bopa?

De Wëllefchen geet bei d’Bomi an de Bopi
Orianne Lallemand/ Eléonore Thuillier
Perspektiv Editions
ISBN 978-9-9959-5650-9

De Literareschen Adventskalenner
16. Dezember 2020