retour aux livres

Enfants

De magesche Kompass

Paul Mc Cartney
PersPektiv Editions
ISBN: 978-9995-9564-17

D’Lucy, den Tom, d’Em an de Bob hunn dee beschte Bopi, deen et op der Welt gëtt.
Wa Langweil opkënnt, erzielt de Pätter hinnen net nëmme vu sengen Erliefnisser quiesch iwwer den Äerdball, mee hien hëlt si einfach direkt mat op d‘Rees. 
Dofir zéit hie säi magesche Kompass aus der Täsch, wëscht eng Kéier driwwer, an – schwipp, schwapp, schwuppdiwupp – reese si a friem Länner an erliewen déi spannendst Saachen.
Op der Plage, bei de Cowboyen oder an de Bierger, iwwerall ass et nawell zimmlech opreegend.
E Gléck dofir, datt de magesche Kompass si duerno och erëm heem an hir schuckeleg Better zaubere kann.
Mee, wee weess, vläicht hëlt de Pätter säi magesche Kompass jo nach eng zweet Kéier aus der Täsch a geet erëm mat senger Raiberband op d’Rees. Et wär ze hoffen.
Den Auteur vun dësem Buch brauch net méi laang virgestallt ze ginn: et ass dee legendären Ex-Beatle Paul Mc Cartney. Hien huet sech dës léif Geschicht fir seng aacht Enkelkanner ausgeduecht. Et ass säin éischt Kannerbuch, illustréiert vun der Kanadierin Kathryn Durst. Si huet schonn eng ganz Rei Bicher illustréiert, kënnt awer ursprünglech aus dem Beräich vum Animatiounsfilm.
Ufank September ass dëst Buch weltwäit – a verschiddene Sproochen – op de Maart kommen. Op Englesch heescht et „Hey Grandude“, op Däitsch „Opapi Opapa – Besuch von den Krawaffels“. 
Déi lëtzebuergesch Iwwersetzung ass vum Myriam Welschbillig, mëttlerweil schonn e ganz bekannten Numm an der Bicherzeen. Mat passende Wierder an Tournurë bréngt si d’Stëmmung vum Buch wonnerbar an ons Sprooch eriwwer.
Mir recommandéieren dëst Buch fir Kanner vu 4 Joer un – an natierlech och fir all Beatlesfan.

De magesche Kompass
vum Paul Mc Cartney
PersPektiv Editions
ISBN: 978-9995-9564-17

De Literareschen Adventskalenner
18. Dezember 2019