retour aux livres

Enfants

De klengen Här Bellibimbam an de Monsieur Lugaru

Roland Meyer
Thimothy Jenon
Op der Lay
ISBN 978-2-87967-247-2

De klengen Här Bellibimbam souz bei sech doheem an e war immens zefridde mat sech a grad esou zefridde mat der Welt.
An dunn huet et un der Dier geklappt.

Virun der Dier stoung dee grujelege Monsieur Lugaru. Den Här Bellibimbam léisst den Här Lugaru eran a gëtt him ze iessen an eng Platz fir ze schlofen.

Mee deen aneren Dag sinn d’Nopere rose mam Här Bellibimbam. Si fannen, dass de Lugaru geféierlech,  hannerhälteg a schrecklech ass. Si verlaangen, dass de Lugaru ganz séier aus hirem Duerf verschwanne soll.

Kuerz drop hëlleft de Monsieur Lugaru den Awunner aus dem Duerf , well hien sou staark ass.  Hien ass do wéi e Stuerm opkënnt an och wéi eng Stenglawin an de Bierger lassgeet a souguer wéi e Raiber d’Suen vun den Nopere klaut.

Dunn endlech akzeptéieren d’Leit de Monsieur Lugaru an hirem Duerf.

D’Buch vermëttelt de Kanner de Message, dass den éischten Androck oft falsch ass. Et sollt een tolerant, ouni Virurteeler an ouni ze vill ängschtlech ze sinn, op Leit duergoen, déi anescht sinn.

Eng  wonnerbar  Geschicht mat grujeleg flotten Zeechnunge fir Kanner vu 5 bis 11 Joer.

De klengen Här Bellibimbam an de Monsieur Lugaru
Roland Meyer
Thimothy Jenon
Op der Lay
ISBN 978-2-87967-247-2

De Literareschen Adventskalenner
8. Dezember 2020