retour aux livres

Enfants

De Jimmy

O nee! Schon nees Chrëschtdag
Suzanne Lang
Max Lang
Editions PersPektiv
ISBN 978-2-9198-1300-1

Et ass Advent. Am Dschungel freeën se sech all op Chrëschtdag.

All? Nee, den Af  Jimmy huet mat deene Feierdeeg näischt um Hutt.

Nodeems hien eng gréng Banann giess huet, kritt en de Bauch wéi. Alles schéngt nach méi schlëmm wéi virdrun. De Jimmy kann net ophalen, driwwer nozedenken, dass déi Adventszäit just nach nervt.

Ee Gléck weess säin Noper Theo, wéi hien dem Jimmy hëllefe kann. An de Jimmy erkennt, dass et besser ass, sech op di schéi Saache ronderëm  een ze fokusséieren, anstatt nëmmen un seng eege Problemer ze denken.

An esou feieren si awer nach all zesummen e schéine Chrëschtdag am Dschungel.

Eng weider flott Geschicht vum granzegen Af Jimmy fir Kanner vun  2 bis 6 Joer.

De Jimmy
O nee! Schon nees Chrëschtdag
Suzanne Lang
Max Lang
Editions PersPektiv
ISBN 978-2-9198-1300-1

De Literareschen Adventskalenner
14. Dezember 2020