retour aux livres

Enfants

DE BILL ASS FROU MAT ZUELEN – BILL AIME LES CHIFFRES

PersPektiv éditions
ISBN 978-2-0750-9535-8

Och kleng Kanner si schon un Zuelen interesséiert an oft souguer dovu faszinéiert.
Et gëtt dann och eng Hellewull vu Bicher (gudder a manner gudder), déi dat opgräifen.
Speziell un dësem am Fong einfache Buch ass awer, dass de Bill, e klengen Hues, souwuel op Lëtzebuergesch, wéi och op Franséisch schwätzt an zielt.
Den Haaptinterêt ass also hei de Fait, dass frankophon an och lëtzebuergesch Elteren op eng spilleresch Aart a Weis an ouni Méi an Nosiche mat hire Kanner Zuelen an deenen zwou Sprooche kënnen üben.
An et schuet op alle Fall net, dass den Text an d’Biller ganz uspriechend sinn.
D’Zuele vun 1 bis 10 kënne Kanner hei vun 3 Joer u mat hiren Elteren üben an, fräi nom Motto vum Maria Montessori, dass „kleng Kanner grouss Zuele gär hunn“, gëtt et zum Schluss nach e Bild, op deem een e Wolkenkratzer mat 100 (!) Fënstere gesäit.
Il est bien connu que les enfants, dès leur plus jeune âge, sont souvent intéressés, voire fascinés par les chiffres.
Et bien sûr, il existe une foule de livres qui tiennent compte de cet intérêt.
Ce petit livre, en soi assez simple, est spécial en ce sens que Bill, le petit lapin, compte et parle aussi bien en français qu’en luxembourgeois.
Ainsi l’ intérêt de ce livre consiste dans le fait qu’il permet aux parents et aux enfants francophones et luxembourgeois de s’exercer autour des chiffres, et ceci d’une manière ludique.
Les chiffres de 1 à 10 sont présentés dans les deux langues avec un texte et des illustrations plaisantes. Enfin, en se référant à Maria Montessori, qui affirme que « les petits enfants aiment les grands chiffres », on découvre à la fin du livre un gratte-ciel avec 100 (!) fenêtres.
A partir de trois ans.

DE BILL ASS FROU MAT ZUELEN – BILL AIME LES CHIFFRES
PersPektiv éditions
ISBN 978-2-0750-9535-8

De Literareschen Adventskalenner
23. Dezember 2019