retour aux livres

Enfants

D’ Fabelen vum Äsop

Atelier Kannerbuch Editioun
ISBN: 978-99959-882-8-9

Dem Äsop seng Gedichter a Geschichten sinn zwar iwwer 2000 Joer al, an awer ginn si nach ëmmer an iwwerall op der Welt nei verschafft an ugepasst. Eng Fabel ass eng kuerz Geschicht an Reimform, oder och net, an dem d’Haaptfiguren, sougenannten Fabeldéier oder Fabelwiesen, mënschlech Eegenschaften verkierperen. Sie ginn also personifizéiert an dobäi steet ganz oft déi mënschlech Eegenschaft am Mëttelpunkt. (zb schnell oder lues, uerg oder léif…asw ) All Geschicht huet och eng Moral déi den Lieser esouwuel ewéi den den nolauschtert zum Nodenken ureegen soll.
Mat dem heiten Buch hunn mir dann och eng Adaptatioun vun 8 Fabelen an d’Lëtzebuerger Sprooch. An dësem Band sinn d’Haapttexter net a Reimform geschriwwen, awer am Ufank vun all Fabel ass e klengt Gedicht. Déi ausdrocksstaark an faarflech explosiv Zeechnungen ronnen dat ganzt Buch nach emol of. Munch Geschicht ass bekannt an awer ass et een beräicherend Liesbuch dat erhuelsam fir Grouss a Kleng ass.
Fir Kanner vun 3 Joer un

D’ Fabelen vum Äsop
Atelier Kannerbuch Editioun
ISBN: 978-99959-882-8-9

De Literareschen Adventskalenner
13. Dezember 2020