retour aux livres

Enfants

Bim an Anna

De klenge Bim ass zwar eréischt 3 Joer al, mee hie ka scho ganz vill Saachen eleng maachen. Dorop ass hie richteg houfreg. A wann an der Crèche, beim Educateur Jimmy, en anert Kand him hëllefe wëll, dann ass hien net ëmmer begeeschtert. Souguer wann dat seng bescht Frëndin Anna ass, mengt de Bim, da misst een dach einfach rose ginn. Wéi hien zwee Kaweechelcher gesäit matenee spillen, fält dem Bim eppes an…

Bim an Anna ass eng Geschicht iwwert déi grouss Schwieregkeet, seng Plaz an der Welt ze fannen, wann een nach ganz kleng ass.

D’Olga Reiff ass zu Innsbruck op d’Welt komm a wunnt elo mat hirer Famill zu Esch. Souwuel den Text wéi och d’Illustratioune an dësem Buch kommen aus hirer Fieder. Virun e puer Joer huet si hire Beruff als Iwwersetzerin un den Nol gehaangen, fir hirer Leidenschaft als Illustratorin nozegoen. Dëst ass hiert éischt Billerbuch. Mee si organiséiert och Zeeche-Workshoppe fir Kanner vum Spillschoulsalter un a mécht Liesungen.

Mir recommandéieren d’Buch fir Kanner vun 3 Joer un.

Bim an Anna
vum Olga Reiff
Editions Binsfeld
ISBN: 978-9-9959-3982-3