retour aux livres

Enfants

12 nei Gutt-Nuecht-Geschichten

Sonja Bintner
Illustratiounen:Snejana Granatkina
Editions Phi
ISBN 978-2-919791-60-6

An hiren 12 neie Gutt-Nuecht-Geschichten hëlt d’Sonja Bintener kleng a manner kleng Kanner mat op eng schéi Rees an d’Welt vun der Fantasie, wou et den Zauber nach gëtt a wou nach alles méiglech ass.

Et si Geschichtenvum Marie an dem Knetzelwonner,

vum roude Gespenst , wat enger Gromper gläicht,

vun den Eeër ënnert dem Prabbeli,

vum Summerorchester am Beetebuerger Park

a vu villen anere magesche   Personnagen an Erliewnësser.

Genau esou fantasievoll wéi d’Geschichte sinn och d’Illustratioune vum Snejana Granatkina.

Di 12 nei Gutt-Nuecht-Geschichten huele Kanner vun 2 bis 6 Joer mat op eng magesch Rees.

12 nei Gutt-Nuecht-Geschichte gouf dëst Joer mam Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie ,,Publikumspräis“ ausgezeechent.

12 nei Gutt-Nuecht-Geschichten
Sonja Bintner
Illustratiounen:Snejana Granatkina
Editions Phi
ISBN 978-2-919791-60-6

De Literareschen Adventskalenner
16. Dezember 2020