retour aux livres

Enfants

Wou eis Geschicht ufänkt DOHEEM

Patricia Hegarty / Britta Teekentrup
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel
atelier Kannerbuch – ISBN 978-2-9599687-1-6

Wéi de klenge Bier a seng Mamm aus hirem Wanterschlof erwächen, maachen si sech op eng grouss Rees duerch di véier Joreszäiten.
Si begéinen engem Biber, deen säin Damm baut,
Villercher, déi un hirem Nascht schaffen,
Saumonen, déi géint d’Stréimung schwammen,
Kanéngercher, déi an hirem Bau déif am Buedem liewen,
Kaweechelcher, déi un hirem Kobel schaffen,
Wandervullen, déi a Schwäerm ëm d’hallef Welt fléien……
An sou verschidden dat Doheem bei jiddwer Déier och ausgesäit, et ass di Platz  wou si sech all sécher a beschützt fillen.
E wonnerschéint Billerbuch mat Duerchkucksäiten, wat e gudden Ulass bitt, fir mat Kanner ab 3 Joer doriwwer ze schwätzen, wéi wichteg a schéin et ass, een Doheem ze hunn.

,,Jiddweree vun eis brauch eng Platz fir se raschten,
  en Haus, eng Hiel, e Weier oder e Nascht,
  wou och ëmmer mir eis nidderloossen,
  jiddweree brauch eng beschützten a sécher Plaz.“
  déi en säin Doheem kann nenne …“

Wou eis Geschicht ufänkt
DOHEEM
Patricia Hegarty / Britta Teekentrup
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel
atelier Kannerbuch – ISBN 978-2-9599687-1-6

BUCH VUM MOUNT
Mäerz 2022