retour aux livres

livre du mois

Gréidi – Mobbing a Frëndschaft um Éisleker Bauerenhaff

BUCH VUM MOUNT

Februar 2024

Peter Udelhoven, onverëffentlecht Zeechnunge vum Roger Leiner

Edition Schortgen 2023, 64 Säiten, ISBN 9782919792450, Präis: 22,00 €

Fir Kanner vu 6 Joer un

De Bauer Jang aus dem Éislek huet säin Haff moderniséiert. An der Wiss sti lo schottesch Kéi an d’Aarbecht gëtt mam Trakter gemaach.

Doduerch brauch de Jang d’Ardennerpäerd Gréidi net méi, an och déi aner Déieren um Haff, wéi de Kueder Luss an den Hond Joe hunn näischt méi ze dinn. Aus Langweil fänkt Gréidi u ganz vill ze friessen a gëtt ëmmer méi déck. Iergendwann kann hatt sech selwer net méi leiden a mengt all déi aner Déieren um Haff géifen de Geck mat him maache well hatt sou déck ass. Doduerch bleift hatt ëmmer eleng a, fir säi Leed ze vergiessen, huet hatt weider gebafft a gefrupst.

An deem Moment wou e Feier ausbrécht kritt d’Gréidi d’Geleeënheet fir sech nëtzlech ze maachen an, Dank sengem Asaz, kennen all d‘Déieren an den Haff gerett ginn. Doropshin hunn si all zesummen eng grouss Party gefeiert!

D’Geschicht vum Gréidi ass e Beispill fir d’Kanner drop hinzeweisen datt de Geck maachen a säi Frust un aneren ausloosse ganz vill wéi doe kann.

Marthy Bracke-Wanderscheid, Freed um Liesen asbl