retour aux livres

KannerLiteratur-Adventskalenner

Wéi een eng Geschicht erfënnt

Kannerliteratur-Adventskalenner

11/12/2023

Naomi Jones
Kremart Editions 2023, 32 S., ISBN 9782919781430, Präis: 18,00 €
Fir Kanner vu 7 Joer un

De klenge Mike wëllt selwer eng Geschicht erfannen„! Mee wéi kann hien dat maachen? Wou kritt een eng Iddi hier?
„Et ass jo awer ganz einfach”, seet d’Mamma. „Du brauchs en Ufank, en Haaptdeel an e Schluss”. D’Mamma hëlleft him a gëtt de Startsaz. An elo leeft et bal vum selwen: „Eng Geschicht iwwer e Jong, dee Wollef heescht …”.
Wärend dee klenge Mike amgaangen ass ze molen an ze schreiwwen, passéiere ronderëm hie lauter Saachen, déi sech wonnerbar a säi klengt Abenteuer abaue loossen. A färdeg ass eng spannend, kleng Geschicht, déi de Mike souguer sengem Brudder a senger Schwëster verzielt. Well déi bescht Geschicht ass déi, déi ee mat aneren deele kann.

E super Buch, dat jidderengem Loscht mécht, dach emol selwer kreativ ze ginn, eng Geschicht ze erfannen a mat aneren ze deelen.
Fir all déi kleng Schrëftsteller, déi sech nach net getraut hunn.

Danielle Mertes, Freed um Liesen asbl

 

Quizfro:

Et gi vill ganz bekannte Schrëftsteller-innen. Wien huet dës Geschichte geschriwwen?

  • Oh, wie schön ist Panama!
  • Harry Potter
  • Pettersson und Findus