retour aux livres

KannerLiteratur-Adventskalenner

De klenge Prënz

Kannerliteratur-Adventskalenner

24/12/2023

Antoine de Saint-Exupéry, Iwwersetzung: Josy Braun
Editions Phi, 96 S., ISBN 9782879622637, Präis: 16,00 €
Fir Kanner vun 2 Joer un

Le Petit Prince vum Antoine de Saint-Exupéry ass e ganzt besonnescht Buch. Genau 80 Joer sinn et hir, dass de klenge Prënz vun engem anere Planéit fir d’éischte Kéier Kanner an Erwuessener beweegt huet.

D’Grenzen tëscht der Kanner an Erwuesseneliteratur verschwannen nämlech beim klenge Prënz sengen Aventuren. Mir gefält besonnesch bei dësem Buch, dat ech schonn als Kand gelies hunn, dass een et als Erwuessenen nei entdeckt. Hannert der Magie verstoppt sech d’Poesie vum Antoine de Saint-Exupéry. De Kanner dorausser virliesen ass e Moment wou mir déi Faszinatioun deelen.

D‘imaginär Welt vum Klenge Prënz zielt awer och eng Geschicht vu Wäerter, déi nach ëmmer ganz aktuell sinn, an déi ech menge Kanner wëll weiderginn: Toleranz, Frëndschaft, Oppenheet. Mat einfache Wierder schwätzt d’Buch vun eeschte Sujeten déi eis hëllefe sollen, eis Welt besser ze verstoen. Bei senge villen Begéinungen op de verschiddene Planéite léiert de klenge Prënz och ganz ënnerschiddlech Leit an hir Differenze kennen. Ech gesinn do am Buch Parallellen zu Lëtzebuerg, wou et an eiser multikultureller Gesellschaft ëmmer erëm wichteg ass, Weeër ze fanne fir gutt zesummen ze schaffen a vuneneen ze léieren.

De Klenge Prënz gouf an Honnerte vu Sproochen iwwersat, dovun och op Lëtzebuergesch. Dofir huet en seng Platz am Adventskalenner sécher verdéngt.

S.A.R. la Grande-Duchesse Héritière

____________________________________________

MACH MIT:

Wie hast du dieses Jahr die Advents- und Weihnachtszeit erlebt?
Gab es wunderbare Momente, mit Freunden, mit der Familie, tolle Feste, schöne Begegnungen… Oder aber auch Momente die nicht so schön waren. Zu stressig, traurig, …
Du kannst es uns erzählen oder malen!

„MEIN SCHÖNSTES ERLEBNIS IM DEZEMBER“

  1. Male ein Bild, schreibe eine Geschichte oder ein Gedicht
  2. Schick uns dein Bild, deine Geschichte oder dein Gedicht vor dem 31.12.2023:
  • Per Post: Freed um Liesen, 5, avenue Marie-Thérèse L-2132 Luxembourg
  • Per Mail: info@freed-um-liesen.lu
  • Bitte vergiss nicht auf der Rückseite anzugeben:
    • Dein Name
    • Deine Adresse
    • Telefonnummer / Email-Adresse
    • Dein Alter
    • „Mit der Einsendung, gebe ich mein Einverständnis, dass „Freed um Liesen“ mein Bild, meinen Text veröffentlichen darf“
    • Unterschrift deiner Eltern
  • Aus allen Einsendungen werden 10 Gewinner
    Es warten interessante Buchpreise!

 

TU PEUX PARTICIPER:

Comment s’est passé ta période avant Noël ?
Y avait-il de beaux moments, pleins de joie, en famille, avec tes amis… ? Ou par contre des moments pas très joyeux, même tristes … ?
Tu pourras nous raconter ou dessiner ton histoire !

« MA PLUS BELLE HISTOIRE EN DÉCEMBRE »

  1. Dessine une Image ou écris TON Histoire ou un Poème
  2. Envoie-nous ton histoire, ton poème ou ton image avant le 31.12.2023 :
  • par voie postale: Freed um Liesen, 5, avenue Marie-Thérèse L-2132 Luxembourg
  • par Mail : info@freed-um-liesen.lu
  • N’oublie pas d’indiquer sur le dos :
    • Ton nom
    • Ton adresse
    • Un Nr. Tél / adresse Email
    • Ton âge
    • « En participant, je donne à « Freed um Liesen » l’autorisation de publier mon dessin, mon histoire ou poème. »
    • Signature de tes parents
  • 10 gagnants seront tirés au sort parmi toutes les réponses.
    Prix à gagner : livres pour enfants