KannerLiteratur-Adventskalenner
Kannerliteratur-Adventskalenner
3/12/2023
Emma Yarlett, Sonia Thewes (Iwwersetzung)
Perspektiv Editions 2023, 32 S., ISBN 978-2-9198-1339-1, Präis: 18,00 €
Fir Kanner ab 4 Joer
Kuerz virun Niklosdag huet de Kleeschen e verspéite Bréif mam Wonschziedel vun deem klenge Lea a senger Post. Mee am Lea säi Bréif huet sech e Lach agebrannt, wéi en duerch dem Kleeschen seng Schminni gefall ass, grad op där Platz wou dem Lea säi Wonsch stoung. Lo kann de Kleeschen net méi liesen, wat d’Lea sech fir Niklosdag wënscht.
Well hien dem Lea awer onbedéngt dee richtege Wonsch erfëlle wëll, freet hien d’Elfen, en Äisbier an och seng Rendéieren ëm Hëllef. Dobäi kommen allerhand lëschteg Virschléi beim Kleeschen un.
D’Buch ass flott opgemaach, Bréiwer a Päck waarden drop, vun de Kanner auserneegefaalt ze gi fir dass de Kleeschen zur Zäit erausfënnt, wat dem klenge Lea säin Häerzenswonsch ass.
Eng spannend Niklosgeschicht fir Kanner ab 4 Joer!
Josette Kayser, Freed um Liesen asbl
Eng kleng Aufgab:
Hues du dem Kleesche schonn e Bréif geschriwwen?
Du kanns dir Kaddoen wënschen. Mee du hues jo och vlaicht soss eppes, waats du de Kleesche wëlls soen: wat dir um Häerz läit, wats du dir fir dech, däi Liewen oder deenen anere wënschs…
Mol eng schéi Kart a schreif drop wats du him wëlls erzielen.