retour aux livres

Enfants

Nom Reen schéngt d’Sonn

Brian Lies
Lëtzebuergesch Versioun: Sonja Thewes
ISBN 978-2-9198-1308-7
PersPektiv editions

Si waren di allerbeschte Frënn, de Jang an säin Hond.
Am léifsten hunn si zesummen am Jang sengem wonnerschéine Gaart geschafft.
Alles wat de Jang geplanzt huet, ass gutt gewuess . Déi zwee hate wierklech e gréngen Daum.
Mee enges Daags ass eppes Schreckleches geschitt: Dem Jang säin Hond ass gestuerwen.
Fir de Jang ass eng Welt zesummegebrach.
Dee schéine Gaart wollt hien net méi gesinn, hien huet seng Planze voller Roserei kuerz a kleng geschloen an sech voller Trauer ganz zeréckgezunn.
Iwwerall am Gaart huet sech Onkraut breet gemaach.
Geschwënn huet de Gaart esou schrecklech ausgesi wéi de Jang sech gefillt huet.
Bis op eemol eng Kürbisplanz ënnert dem Drot erduerch am Jang säi Gaart gewuess ass.
De Jang huet d’Onkraut ronderëm erausgerappt an d‘Planz gutt genätzt.
De Kürbis ass séier mi déck ginn.
Am Hierscht huet de Jang dee risege Kürbis op säin Auto gelueden an ass domat op déi grouss Kiermes mam Kürbisconcours gefuer.
A wéi säi Kürbis  deen drëtte Präis gewonnen huet, huet de Jang kënne wielen tëscht 10 Euro oder engem klenge Mippchen aus enger Këscht……
Eng traureg Geschicht déi een hoffnungsvolle Schluss fënnt, fir Kanner ab 5 Joer.

Nom Reen schéngt d’Sonn
Brian Lies
Lëtzebuergesch Versioun: Sonja Thewes
ISBN 978-2-9198-1308-7
PersPektiv editions

BUCH VUM MOUNT
Juni 2022