retour aux livres

Enfants

MOIEN !

An de meeschte lëtzebuergesche Schoulen ginn et Kanner, déi schonn ëmmer zu Lëtzebuerg gelieft hunn an anerer, déi hir Wuerzelen a frieme Länner hunn.
Am Schouljoer 2016- 2017 gouf dat an engem gemeinsame Projet vun der Initiativ Freed um Liesen, dem Cycle 2 aus der Grondschoul vu Waasserbëlleg an de Kanner aus der Classe d’accueil vun Diddeleng thematiséiert.
Kanner aus 23 verschiddene Länner hunn dat Land virgestallt aus deem si hierkommen. Si hu gemoolt an opgeschriwwen, wat typesch fir hir al Heemecht ass. Sou gi mer gewuer, dass Yassa – dat ass Räis mat Fësch – en typescht Iessen aus dem Senegal ass an dass d’Marokkaner gäre Peffermanztéi drénken. Mir gesinn am Buch d’Torre de Belem vu Lissabon (Portugal), d’Sagrada Familia vu Barcelona (Spuenien), d’Badshahi-Moschee vu Lahore (Pakistan)an d’Buerg Orava (Slowakei). Mir léieren, dass d’Russen gären Treschtschotka spillen, während d’Kosovaren Musek op der Guole spillen, dass et am Kosovo Bieren a Wëllef gëtt, dass d’Lippizaner-Päerd a Slowenien geziicht ginn an nach villes méi.
Entstanen ass e faarwegt Buch a ville Sproochen, vu Kanner fir Kanner, wat de Lieser an d’Lieserin mat op eng flott Rees hëlt, bei där et vill Neies, vill Friemes, vill Bekanntes an och munch Gemeinsames z’entdecke gëtt.

Moien! ass fir Kanner vu 6 Joer a méi. Et kascht 15 Euro (plus Porto) a kann iwwer Email bestallt ginn:
info@freed-um-liesen.lu

BUCH VUM MOUNT  Oktober 2018

Verlag :Freed um Liesen
ISBN :978-99959-920-4-0