retour aux livres

Enfants

Kanner, Masken, Halloween

Viviane Daman
Editions Phi
ISBN 9 782919 791286

Wann Dir als Kand gär „Fünf Freunde“, oder änlech Bicher vum Enid Blyton gelies huet an elo eppes an deem Genre op Lëtzebuergesch fir Är Kanner sicht, wären d’Bicher vum Viviane Daman vläicht eng flott Alternativ.
„Kanner, Masken, Halloween“ ass dann och schon dat 9. Buch vun enger Serie, wou véier Kanner an een Hond d’Haaptroll spillen. De Steve, d’Sarah, de Pol, de Pascal an hire Mupp, de Blacky, erliewen nees eng spannend Aventure.
Verkleet fir Halloween, si si prett fir d’Noperen (e bëssen) ze erféieren, sech ze ameséieren an niewebäi nach eng Parti Séissegkeeten ze sammelen.
Mee et kënnt alles ganz anescht wéi geplangt: net nëmme schéngt kee vun den Noperen d’Frënn ze fäerten, mee si selwer gi ferm erféiert. Si gerode souguer nach bal seriö a Gefor. Ee Gléck, dass vun deenen dräi grujeleche Gestalten, vun deene si gefaang geholl ginn, schlussendlech dach awer een e bësse mënschlech ass! An natierlech däerf och an dëser Geschicht deen treie Blacky eng dankbar Roll spillen.

Wéi déi aner Bicher vun dëser Serie , ass d’Buch flott geschriwwen, spannend an huet ganz sécher e gewësse „Suchtfaktor“ fir kleng Liesraten, awer dat ass jo net geféierlech, mee éischter souguer erwënscht.

Fir Kanner vun 8 Joer un

Kanner, Masken, Halloween
Viviane Daman
Editions Phi
ISBN 9 782919 791286

BUCH VUM MOUNT
November 2020