retour aux livres

KannerLiteratur-Adventskalenner

Et rabbelt an der Broutgaass

Kannerliteratur-Adventskalenner

4/12/2023

Diane Orban, Myriam Karels
Editions Guy Binsfeld 2023, 64 S., ISBN 9789995942984, Präis: 24,00 €
Fir Kanner vu 6 Joer un

D’Emma a säi Brudder, de Georges, dat sinn der zwee, déi et fauschtdéck hannert den Oueren hunn. An elo, kuerz viru Kleeserchersdag, fänken se un ze fäerten, dass si net brav genuch waren an dass sécher net vill Guddes iwwert si an deem grousse gëllene Buch steet.
Wat kënne si machen, dass de Kleeschen et awer gutt mat hinne mengt?

Si hunn e Plang: Wa si jidderengem aus hirer Strooss eng Freed géife maachen: eppes bastelen, eppes baken …?  Da kéint d’Noperschaft jo e gutt Wuert beim Kleeschen aleeën. A si trauen sech esouguer bei dee mysteriéise Knoutermisch, dee ganz eleng a sengem alen Haus wunnt.

Ob et hinne geléngt, d’Kazekatrin, d’Maisy Mëtsch, de Rocker Rol, d’Trëtzentréis, den Toni Timber an de Charel Schachtelson esou ze iwwerzeegen, dass si dem Kleesche vun deene gudden Aktioune verzielen? Jiddefalls hunn déi zwee et färdegbruecht, dass d’ganz Noperschaft zum Schluss e flott Fest zesumme feiert.
Ob de Kleeschen dat gesäit?
Eng flott a spannend Geschicht iwwert ‘op wat et eigentlech ukënnt, wann ee wëllt “brav” sinn’.
Donieft sinn an dësem Buch Bakrezepter, e Kazespill a Basteliddien ze fannen. D’Geschicht vum hellege Mann, e puer Erzielunge vum Kleeschen an interessant Saachen iwwert dëse Brauch ronnen dat Ganzt of.

Danielle Mertes, Freed um Liesen asbl

Quizfro:

De Kleesche kënnt um Virowend vun Niklosdag bei d’Kanner. Dat ass vill Aarbecht fir een eleng! Mee hien huet sech Hëllef gesicht!

Wee sinn déi zwee Gesellen, déi dem Kleeschen hëllefen?