retour aux livres

Enfants

Den Harry ass presséiert

Timothy Knapman
Gemma Merino
Op Lëtzebuergësch vum Vanessa Gabriel
Atelier Kannerbuch Editioun
ISBN 978-2-919817-08-5

“Den Harry ass presséiert” ass dem Timothy Knapman an dem Gemma Merino hir ganz perséinlech  Interpretatioun vum Aesop senger Fabel vun der Deckelsmouk an dem Hues.
Den Hues Harry ass ëmmer presséiert. Hee weess net mol wisou.
Hien ësst séier.
Hee schwätzt séier.
Fir ze poteren huet hie keng Zäit.
Heen ass ëmmer ganz séier mat senger Trottinett ënnerwee.
Sou séier, dass hien iwwerhaapt net matkritt wat ronderëm hie lass ass.
Mee dat ass him och ganz egal.
Bis hien enges Daags am héije Bou an e Weier trëllt a vum Tom, enger Deckelsmouk, erausgefëscht gëtt.
Den Tom weist him, wéi et ass, gemittlech ze sinn an d’Liewen ze genéissen.
Op eemol gesäit, héiert, schmaacht, fillt a riicht och dem Harry seng Welt ganz aanescht….
Eng waarmhäerzeg, witzeg Geschicht iwwert d’Frëndschaft, d’Verschidde sinn, d’Hëllefsbereetschaft an eis fënnef Sënner.
Fir Kanner ab 3 Joer.

Den Harry ass presséiert
Timothy Knapman
Gemma Merino
Op Lëtzebuergësch vum Vanessa Gabriel
Atelier Kannerbuch Editioun
ISBN 978-2-919817-08-5

BUCH VUM MOUNT
Januar 2023