retour aux livres

Enfants

DE WËLLEFCHEN, SICHEN A FANNEN: ‘t ass Vakanz

Orianne Lallemand/Eleonore Thuillier
PersPektiv Editions
Aus dem Franséischen iwwersat

All Kanner kennen de Wëllefchen! An net just déi lëtzebuergesch. D’Bicher, déi am Original op Franséisch erauskomm sinn, ware vun Ufank un e grousse Succès. Si goufen op 40 Sproochen iwwersat, vill vun hinnen och op Lëtzeburgesch. Dee klenge freche Wollef, deen et scho säit 10 Joer gëtt an deen ni ëm eng Äntwert verleeën ass, kënnt einfach gutt bei de Kanner un.

Hei dann elo eng vun de leschten Iwwersetzungen, an zwar handelt et sech net em eng richteg Geschicht, mee em ee sougenannt „Sich-a Fannbuch“. Op 8 duebel Säiten geet et drëms, dass d‘Kanner eng Parti Saachen um Bild erëmsichen, déi lénks um Bord eenzel gemoolt sinn. U sech en Exercice, deen absolut näischt Neits ass.Trotzdeem ass dëst Buch a groussem Format derwäert, dass een et méi genee ënnert d’Lupp hëlt:

– D’Biller sinn immens flott an dat Ganzt gesäit éischter degagéiert aus (net ze vergläiche mat engem Wimmelbuch).
– De Wëllefchen a seng Famill vermëttelen e Gefill vu Gebuergenheet a vu Liewensfreed.
– D’Buch ass extreem stabil a léissst sech ofwäschen.
– A schlussendlech ass d’ Vakanz jo och net méi esou wäit ewech.

Dëst an aner Bicher aus der Rei eegnen sech och ganz gutt, fir d’Sprooch ze verdéiwen, oder déi Lëtzebuerger Sprooch ze léieren.

Vun 2 Joer un ze recommandéieren

DE WËLLEFCHEN, SICHEN A FANNEN :
‘t ass Vakanz
Orianne Lallemand/Eleonore Thuillier
PersPektiv Editions
Aus dem Franséischen iwwersat

BUCH VUM MOUNT
Juni 2021