retour aux livres

Enfants

DE PIP AN D’POSY

Axel Scheffler, Camilla Reid
Atelier Kannerbuch 2022
op Lëtzebuergesch iwwersat vum Vanessa Gabriel

Et gi Bicher, bei deenen ee sech froe kann, ob et e grousse Gewënn ass, wa si op Lëtzebuergesch iwwersat ginn. Dat heite Buch vum Pip a Posy (2 vermënschlecht Déierekanner, vun deenen et eng ganz Serie vu Bicher gëtt) gehéiert awer zu deenen, wou et ganz sëcher derwäert war!
Virwat?
D’Geschichte vum Pip a vum Posy eegnen sech perfekt als éischt Erzielgeschichten. Déi schéi faarweg Biller passe richteg gutt bei déi einfach, liicht verständlech Handlung. D’Kand kann d’Emotiounen, déi de Pip , d’Posy an de Schleek weisen, gutt novollzéien: Loscht fir Kaméidi ze maachen, Besoin no Rou, Angscht an den Net-Respekt virun deem anere sénge Limitten, a schlussendlech kleng Konflikter an Agoe vu Kompromisser.
Et ass wierklech e Kannerbuch, dat een tel quel virliese kann an domadder rechtfäerdegt sech och dës Iwwersetzung. Op dëser Plaz och e Kompliment un d’Traductrice, déi op en zäitgeméisst Lëtzebuergesch gesat huet, amplaz vereelzt Ausdréck ze benotzen, déi di meeschte Kanner net méi kennen.
Och dat bësse méi grousst quadratescht Format kann iwwerzeegen.
Wann de Verlag d’Buch scho vun engem Joer u recommandéiert, mécht d’Erziele vun der flotter Geschicht awer eréischt richteg Sënn vun 18 Méint un a kann och nach, jee no Entwécklung, vill méi grousse Kanner gefalen.

DE PIP AN D’POSY
an dee frëndleche Schleek
Axel Scheffler, Camilla Reid
Atelier Kannerbuch 2022
op Lëtzebuergesch iwwersat vum Vanessa Gabriel

BUCH VUM MOUNT
September 2022