retour aux livres

KannerLiteratur-Adventskalenner

De KannerLiteratur-Adventskalenner 2023

All Dag ee neit Buch entdecken!

Wärend dem ganze Mount Dezember kënnt dir all Dag op eiser Internetsäit oder op eiser Facebooksäit eng Rezensioun iwwert en neit Kanner- oder Jugendbuch liesen.

Einfach op eis Facebooksäit oder hei op d’Homepage kucke goen a lass geet et den 1. Dezember.

A nei dëst Joer fir d’Kanner:

  • kleng Rätselen + Quizfroen
  • Promi-Rezensiounen
  • Zum Schluss vum Advent e Concours fir matzemaachen an d’Chance kréien fir eent vun de virgestallte Bicher ze gewannen

Mir wënschen Iech elo schonn eng schéin Adventszäit a vill Freed beim Liesen a beim Nolauschteren!

 

Mat der Ënnerstëtzung vum Bicherhaischen, Niederanven