retour aux livres

Jeunes

De Leo an den Oktopus

Isabelle Marinov
Chris Nixon
éditions Guy Binsfeld
ISBN 978-99959-42-72-4

D’Welt war ze grell fir de Leo. An ze haart.

,,Villäicht liewen ech jo um falsche Planéit?“ huet hien sech gefrot.

D’Kanner wollten net mat him spillen. Si hunn hien net verstanen.

An hien huet si net verstanen.

D’Liewen um falsche Planéit war ustrengend.

Et huet de Leo midd gemaach.

An hien huet sech dacks eleng gefillt.

Bis en d’Maya kenne geléiert huet.

D’Maya war en Oktopus.

A mat deem huet de Leo sech ugefrënnt.

De Leo ass Asperger-Autist an huet Schwieregkeeten, d’Gefiller an d’Stëmmunge vun de Mënschen aus  deenen hirem Gesiicht erauszeliesen.

Beim Maya ass dat ganz einfach. Hat ännert seng Faarf jee nodeem wéi hat gelaunt ass.

A wann hat de Leo gesäit, ass hat ëmmer gutt gelaunt.

D’Maya gräift dem Leo mat sengen aacht Tentakelen ënnert d’Äerm,  fir sech an der Welt zurecht ze fannen. Duerch hat erlieft de Leo eppes, wat hien ni fir méiglech gehalen hätt: den Ufank vun enger Frëndschaft.

Eegen Erfarungen hunn d’Isabelle Marinov zu dëser verdreemt, nodenklecher Geschicht inspiréiert an dem Chris Nixon seng wonnerbar Illustratioune loossen de Lieser ganz an d’Geschicht  andauchen.

Ee  sensibelt Buch fir Kanner ab 7 Joer , deenen een d’Liewe mat Autismus empathesch nobrénge wëll.

De Leo an den Oktopus
Isabelle Marinov
Chris Nixon
éditions Guy Binsfeld
ISBN 978-99959-42-72-4

De Literareschen Adventskalenner
19. Dezember 2020