retour aux documents
10 Grënn, firwat Billerbicher Kanner hëllefe besser grouss ze ginn
- Kanner hunn et gär, wann Eltere mat hinnen zesummen e Buch kucken oder hinne virliesen. Da fillen si sech gebuergen.
- Mat Billerbicher léieren d’Kanner schwätzen a liesen. Billerbicher hëllefen hinne bei hirer Entwécklung.
- Mat Billerbicher léieren d’Kanner genee hikucken an hir Gefiller besser kennen. Hire Wuertschatz gëtt méi grouss, wa si reegelméisseg virgelies kréien.
- Billerbicher kann een zu all Moment a bei all Geleeënheet kucken a liesen.
- Billerbicher reegen d’Fantasie un. D’Kanner kënne selwer eppes erschafen; si fuerschen, léieren an entdecken hir Ëmwelt.
- Mat Billerbicher léieren d’Kanner nei Welte kennen; nei Erfarungen ënnerstëtze si an hirer Entwécklung.
- Billerbicher si kleng Konschtwierker, déi de Kanner vermëttele wéi ënnerschiddlech Biller a Geschichte kënnen erzielt ginn.
- Billerbicher mat einfachem Text a kloren, impressionnante Biller sinn eng grouss Hëllef beim Lieseléieren.
- All Kéier wann d’Kand e Billerbuch kuckt, kann et eppes Neies entdecken: nei Themen, nei Wierder, nei Meenungen.
- Billerbicher si stabil a mat Léift gemaach. Si kënnen e Liewe laang halen an ëmmer erëm an iwwerall gekuckt ginn.
Download : Mat Billerbicher kann een besser grouss ginn.
© Freed um Liesen asb