Dir sidd eng Gemeng, eng (Schoul)Bibliothéik, eng Maison Relais, e Foyer, eng Elterevereenegung oder soss eng Institutioun…
Dir sicht e flott Angebot am Kader vun ärer Aarbecht?
Da mellt Iech bei eis!
Wat bidde mir Iech un?
- Mir verziele Geschichten zu verschiddenen Themen
- Dono gëtt et eng flott kreativ Aktivitéit fir déi Kleng
- Mir maachen e Geschichten-Spadséiergang am Bësch oder am Park
- Mir bréngen Bicher zum jeeweilegen Thema mat
Zesumme beschwätzen mir all Detailer! A mir kucken, wéi mir är Wënsch “erfëlle” kënnen.
D’Ekipp vun „Freed um Liesen asbl“
freet sech op eng Zesummenaarbecht