De Babytreff

Dir sidd eng Gemeng, eng (Schoul)Bibliothéik, eng Maison Relais, e Foyer, eng Elterevereenegung oder soss eng Institutioun…

Dir sicht e flott Angebot am Kader vun ärer Aarbecht?

Da mellt Iech bei eis!

Wat bidde mir Iech un?

  • Begéinung / Oppent Gespréich ronderem eng Taass Kaffi/Téi
  • Spillsaachen, Bicher fir déi Kleng (mir hunn alles sur Place)
  • Mir liesen/erzielen eng Geschicht fir déi ganz Kleng
  • Heiansdo hu mir en Invité(e) mat engem Mini-Virtrag zu engem Thema op Besuch

Zesumme beschwätzen mir all Detailer! A mir kucken, wéi mir är Wënsch “erfëlle” kënnen.

D’Ekipp vun „Freed um Liesen asbl“

freet sech op eng Zesummenaarbecht

Zilgrupp: Fir (Grouss)Eltere mat hire Klengsten (< 3 Joer)

Dauer: jeweils 60 Minutten

Intervenant(e)s: Benevole Mataarbechter-innen vu “Freed um Liesen” 

Sidd Dir interesséiert?